Ettelbréck – Tunnel ënnert Kallekbuedem?

Ettelbréck wëll Waarken besser un d’N15 ubannen. E luewenswäerte Projet fir déi individuell Mobilitéit am ländleche Raum ze stäerken! Just déi geplangte Streck bréngt Froe mat sech, well se de Bau vun engem Tunnel ënnert engem Kallekbuedemgebitt virgesäit. Goufen déi domat verbonne Risiken am Virfeld ugemoossen evaluéiert? Eng parlamentaresch Fro vum ADR-Norddeputéierte Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister an un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Am Ettelbrécker Gemengerot gouf am Januar 2025 den neie PST (Plan sectoriel Transports) fir d’Nordstad diskutéiert. Fir Ettelbréck ass ënner anerem virgesinn, fir Waarken iwwert e sougenannte “Contournement de Proximité” duerch en Tunnel ënnert de “Lopert” un d’N15 unzebannen.

Donnéeën aus dem Kadaster no hu mir et awer hei deels mat Kallekbuedem ze dinn. Dësen Ënnergrond ass allerdéngs  vun Natur aus méi beweeglech an esou koum et an den 1980 an 1990 Joren hei zu eenzelnen Äerdbeweegungen, wat et mat sech bruecht huet, dat 1996 an 1997 Stabiliséierungsaarbechten an Drainageaarbechten an der „rue Philipp Manternach“ um „Lopert“  hu musse realiséiert ginn.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Fro stellen:

  • Wéi eng Etüde goufen am Kader vun dësem Stroossebauprojet zu der Volatilitéit vum Buedem an d’Auswierkung op d’Sécherheet vum Tunnel selwer sou wéi d’Ëmgéigend virgeholl an zu wéi enge Conclusioune sinn dës Etüde komm?

 

Deel dëse Post: