Et gëtt kee vergiess!

A senger Interventioun vum 26. Juni ënnersträicht den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser den Usproch vun der ADR, all Matbierger gläichberechtegt an eis Gesellschaft ze integréieren. Dozou gehéieren och déi Matbierger, déi en Handicap hunn, dozou gehéieren och Kanner a Jugendlecher, déi sech an der Schoul aus diverse Grënn méi schwéier dinn. D’ADR ass der Meenung, datt Gambia et verpasst huet, deem an adequatem Mooss Rechnung ze droen. An der Schoulpolitik goufe vill iwwerbürokratesch an ideologesch Moossnamen ëmgesat a wichteg Punkten, wéi d’Inclusioun vu de méi vulnerabele Kanner an eis Gesellschaft, sinn zum Deel an de Vergiess geroden. D’ADR begréisst dëst Gesetz als éischte Schrëtt an déi richteg Richtung an huet selbstverständlech hiren Accord ginn.

 

 

 

Deel dëse Post: