Esch 2022: Eng verpasste Chance!

Esch Kulturjoer 2022: Wat bleift fir Esch? Wat bleift fir de Minett? D’Analys ass kloer an däitlech: Et ass eng verpasste Chance fir d’Minettmetropol. Esch2022 war am grousse ganzen eppes fir Insider, et ass ni fäerdeg bruecht ginn, d’Awunner, déi breet Mass, matanzebezéien. Et ass och verpasst ginn, Esch anstänneg opzewäerten an dat wier d’Geleeënheet gewiescht! Esch verbesseren, d’Bevëlkerung vun Esch zesummekréien, Communautarismus briechen, Sécherheet a Propretéit verbesseren, déi stierwend Geschäftswelt zu Esch opwäerten – alles dat ass verpasst ginn. Schued! Mir hätten eis erwaart dass Esch méi géif profitéieren an och de Minett! Dat ass net geschitt.

Gedanke vum ADR-Parteipresident Fred Keup iwwert Esch 2022.

Deel dëse Post: