Erhéijung vun de Fäll vu Keuchhusten

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Am Moment triede geheeft Fäll vu Keuchhusten (Bordetella pertussis) hei zu Lëtzebuerg op. Dëst ass eng héichustiechend Krankheet, déi virun allem bei Puppelcher liewensgeféierlech ka ginn a bei eelere Leit zu engem Kliniksopenthalt féiere kann. Et gëtt e Kombiimpfstoff, dee géint dës Bakteerie, an och nach géint Diphtherie, Tetanus, Polio, Hepatitis B an Haemophilus influenzae, schützt. Well de Schutz awer net liewenslaang ass, sollen dono reegelméisseg Opfrëschunge gemaach ginn (bei Erwuessenen all 10 Joer).

An dësem Kontext géing ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

  • Wéi vill diagnostizéiert Fäll sinn der Santé momentan hei zu Lëtzebuerg bekannt? Wéi ass d’Verdeelung an deene verschiddenen Altersklassen (<18 Joer, 18-60, >60 Joer)?
  • Huet d’Santésdirektioun en Aktiounsplang, wann et zu engem gréisseren Ausbroch z.B. an enger Schoul oder engem Altersheem sollt kommen? Wann net, ass d’Festleeë vu sou engem Plang am Fall vun héichustiechende Krankheeten an engem zukünftege Gesetzesprojet virgesinn?
  • Wéi ass momentan zu Lëtzebuerg d’Impfquot a Bezuch op dës Impfung bei Kanner a Jugendlecher?
  • Ginn automatesch Rappeller vun der Santé oder vun den Dokteren un d’Leit geschéckt, datt eng Opfrëschung fälleg ass?
  • Falls et keng automatesch Rappeller gëtt, gesäit d’Regierung am Kader vun der Digitaliséierung an Zukunft eppes an deem Sënn vir?
  • Si Sensibiliséierungscampagnë virgesinn, fir op déi uewe genannte Krankheeten an hir Impfunge reegelméisseg opmierksam ze maachen?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: