Erfollegräich Integratioun duerch Sport

A senger Interventioun vum 7. Juli plädéiert de Jeff Engelen dofir, datt sportlech Aktivitéiten als integrale Bestanddeel vun der kierperlecher a mentaler Gesondheet alle Bierger mussen zougänglech sinn. Och Leit am drëtten Alter oder Persoune mat engem Handicap kënne vu sportlechen Aktivitéite profitéieren. Schonn am Walprogramm vun 2018 huet d’ADR gefuerdert, datt gréisser Verwaltungen, déi op déi eng oder aner Manéier fir de Sport zoustänneg sinn, e Koordinator solle kréien, fir esou och Leit, déi an enger sozial méi isoléierter Liewenssituatioun sinn, kënnen unzeschwätzen a fir sportlech Aktivitéiten ze begeeschteren. Sportsveräiner, esou ewéi dat z.B. och bei de Museksveräiner de Fall ass, sinn iwwerdeems och e gutt Mëttel fir eng erfollegräich Integratioun; d’ADR hält awer drop, datt och an de Sportsveräiner muss Lëtzebuergesch geschwat ginn.

Deel dëse Post: