Equivalenzen tëscht Handwierker an Techniker a Meeschter: De Wee op d’Uni

De Gast Gibéryen hat de 24. Mäerz eng Fro gestallt, déi schliesslech mat e bësse Verspéidung vu Schoul- an Höichschoulminister beäntwert ginn ass. Fir op d’Uni weider studéieren ze goen, mussen all Leit mat engem DAP (fréier CATP, Geselleprüfung) an och d’Leit mat engem Technikerdiplom just Komplementarmodulen zousätzlech léieren, déi je no Fach, wat se wëlle studéieren, festzesetze sinn. Leit, déi eng Meeschterprüfung hunn, ginn als Eenzelfäll gepréift, do gëtt et keng fest Prozedur.

Deel dëse Post: