Entrevue vun der ADR-Parteispëtzt mat der A.L.B.S.C.

Den 12. Juni haten d’ADR-Deputéierte Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser esou wéi de Parteipresident Jean Schoos eng Entrevue mam President an engem weidere Vertrieder vun der A.L.B.S.C – der Association Luxembourgeoise des Bachelors Scientifiques des Communes et des Syndicats de Communes. Zesumme mat senger Ekipp mécht sech de President Joël Meyers säit Jore fir eng Opwäertung vun der Bachelor-Karriär am Gemengesektor staark. Méi wéi 75 % vun de Leit, déi op kommunalem Niveau an der Karriär schaffen, sinn technesch an industriell Ingenieuren. Et as awer na ëmmer sou, datt déi Persounen net no hirer Qualifikatioun bezuelt ginn, mee hinne ginn déi selwecht Gehälter wéi an der Redakter-Karriär ausbezuelt, also der Karriär, déi een Diplom en fin d’études secondaires verlaangt. De Joël Meyers huet drop higewisen, datt de Beruffsstand vum Bachelor op kommunalem Niveau grad amgang ass auszebludden, sou dem President seng Wierder. Ëmmer manner jonk Léit entscheeden sech na dofir, déi Karriär anzeschloen, déi an hiren Aen net genuch gewierdegt gëtt. Aktuell si 40 Platzen an dem Sektor onbesat, d’Gemengen hunn mat engem akute Mangel un qualifizéiertem Personal ze kämpfen. De Joël Meyers huet an der Entrevue ënnerstrach, datt grad de Beruff vum technesch-industriellen Ingenieur an de lëschte Joerzéngten d‘Lëtzebuerger Wirtschaft staark gemaach huet, ee Beruff, deen sech als praxisorientéiert a perfekt zougeschnidden op d’Besoine vun der Lëtzebuerger Industrie erwisen huet. De Joël Meyers huet zudeem drop higewisen, datt déi feelend Unerkennung ëmsou méi onverständlech ass, wann ee bedenkt, datt d’Karriär vum Schoulmeeschter massiv opgewäert gouf.  D’ADR-Parteispëtzt huet vill Versteesdemech fir de Standpunkt vun der  A.L.B.S.C. gewisen. D‘Deputéierten haten um Ënn vun der Entrevue méi konkret nogefrot, wéi si der A.L.B.S.C. ënnert d’Äerm gräife kënnen a betount, datt si och weiderhin en oppent Ouer fir hir Uleiesse wäerten hunn.

Deel dëse Post: