Entrevue Shoura

D’Shoura, als Vertriedung vun der moslemescher Gemeinschaft zu Lëtzebuerg, wollt virun de Walen e puer Fuerderungen un d’Politik maachen. Fir d’éischt geet et hir ëm d’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg, wou si sech Suerge maachen, mat der internationaler Entwécklung. Mee hir Vertrieder hunn och ganz konkret Punkten ugeschwat. Esou bekloe si sech, datt vill Fraen kee Führerschäin maachen, well, anescht wéi bei de Photoë fir d’Carte d’identité an de Pass, hei verlaangt ass, kee Foulard um Kapp ze hunn. Problematesch ass et fir déi ronn 20.000 Moslemen hei am Land och fir e Member vun hirer Communautéit ze begruewen. Nëmmen zu Lëtzebuerg an zu Esch ass en Deel vun engem Kierfecht fir den islamesche Glawe reservéiert. Fir d’Shoura hunn de Sabahudin Selimovic (President), Eric Risch (Generalsekretär), Nurdin Sinanovic (Keessier), Dejvid Ramdedovic (Sekretär) a Mondher Labidi (Member) mam Gast Gibéryen diskutéiert.

Deel dëse Post: