Entrevue mat Fathers Against Discrimination

Den 1. Mäerz 2023 huet sech d’ADR, vertrueden duerch d’Deputéiert Fernand Kartheiser a Fred Keup an de parl. Mataarbechter Jean-Marc Schmidt, zu engem intressante Meenungsaustausch mat “Fathers Against Discrimination – Both Parents for All Children” getraff. Dës Organisatioun, déi vertruede war duerch d’Häre Patryk P. Rybinski, Reginald van Waardhuizen a Murad Wisniewski, ass eng Dialogplattform, déi gegrënnt ginn ass, fir d’Chancëgläichheet fir béid Elteren ze fërderen, fir d’Verletzunge vun de Kannerrechter ze stoppen, hire Wuelstand ze garantéieren, e Bewosstsi fir Ongläichheeten ze schafen an Diskriminatioun géigeniwwer vun Eltere virun de Lëtzebuerger Geriichter z’exposéieren.

Deel dëse Post: