Entrevue mat enger Delegatioun vun Heintz van Landewyck

E Mëttwoch, de 6. Mäerz 2013 ass eng Delegatioun vun der Entreprise Heintz van Landewyck an der Fraktioun vun der ADR empfaange ginn. De Lëtzebuerger Familljebetrib mécht sech Suerge fir d’Entreprise a besonnesch ëm déi vill Salariéë fir de Fall, wou eng europäesch Direktive iwwert den Tubak sollt ugeholl ginn.

Europa preparéiert eng nei Direktive iwwert de Verkaf vun Tubak, duerch déi ënner anerem d’Marken an Logoen op den Zigarettepäck solle ganz verschwannen, an duerch grujeleg Biller sollen ersat ginn. Domadder gëtt et vill méi schwéier, fir kleng Marke wéi Heintz van Landewyck se hirstellt, fir mat Weltkonzerner ze konkurréieren. Och weider Nischeprodukter, op déi d’Lëtzebuerger Entreprise besonnesch vill Wäert leet, stinn direkt am Viséier vun der Direktive, wéi Mentholzigaretten a Schnëtttubak.

D’ADR ass sech der Problematik vun de Gesondheetsproblemer a Relatioun zum Tubak bewosst. D’Konsumenten, a ganz besonnesch déi jonk Leit, sollen iwwert regelméisseg Campagnen iwwert d’Risike vum Tubak opmierksam gemeet ginn. Genau esou wichteg ass awer fir d’ADR den Aspekt vun der Fräiheet. „D’ADR ass géint e Staat, deen dem Bierger alles virschreift“, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an dësem Kontext bemierkt.

Dobäi hunn déi allermeeschte Virschrëften, déi an der proposéierter Direktive iwwert en Tubak stinn, näischt mat der Gesondheet ze dinn. D’Propositioune vu Bréissel lafen awer dorobber eraus, d’Meenungsfräiheet an d’Informatiounsfräiheet anzeschränken; d’Fräiheet vum Entrepreneur bleift op der Stréck an d’Recht op Proprietéit fält ënnert den Dësch. Domadder ginn eng ganz Rëtsch Grondfräiheeten, wéi se an der Charta vun de Grondrechter vun der Europäescher Union stinn, mat Féiss getrëppelt.

D’ADR weist weider drop hin, datt ganz besonnesch de Lëtzebuerger Familljebetrib vun dëser Direktive betraff wär: eng Entreprise, déi zënter 165 Joer am Land aktiv ass, hei iwwert 800 Leit beschäftegt, dovunner iwwert 300 Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen. D’Entreprise beschäftegt vill  net-qualifizéiert Aarbechter, an iwwert 10% vun de Fraen, déi am Grand-Duché an der Industrie schaffen! Der Entreprise no sinn zu Lëtzebuerg eleng iwwert 100 Aarbechtsplazen direkt a Gefor. D’ADR bedauert, datt ee Mol méi europäesch Institutiounen, amplaz de Chômage ze bekämpfen, nei Moossnamen erfannen, déi d’Industrie an den Handel aschränken, an esou Aarbechtsplazen ofbauen.

Well kloer wirtschaftlech Interessen a vill Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg um Spill stinn, fuerdert d’ADR d’Regierung op, sech géint dës Direktive anzesetzen.

D’Delegatioun vun Heintz van Landewyck bestoung aus dem Här François Elvinger, Direkter vum Verkaf, an dem Här Marc Ewert, Account Manager. Si goufen empfaange vum Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser, Deputéierten, dem Jean Schoos, Generalsekretär an dem parlamentaresche Mataarbechter Alain Kleeblatt.

Deel dëse Post: