Entrevue mat der Zukunft an der SOLEP

Wëssenschaftlech Genauegkeet läit der SOLEP (Société luxembourgeoise de l’Évaluation et de la Prospective) um Häerz an zwar an deenen Domäner, déi dëser Associatioun hir Spezialitéit sinn: d’Prospektiv an d’Evaluatioun. Et sinn dës zwee Domäner, wou si dru schaffen fir d’Politik an och méi eng breet Ëffentlechkeet op d’Avantagen vun esou Methoden hinzeweisen. An engems gëlt hir Aaarbecht an dëser Asbl, fir datt korrekt Methoden ausgeschafft an och applizéiert ginn. Dat maache si mat konkrete Beispiller ewéi hire Rapport “Lëtzebuerg 2030”, wou och fir d’Politik Inspiratioun zu Problemer vum Land a zur Wuesstemsproblematik ze fannen sinn. Duerfir war d’Entrevue vun der SOLEP mat eiser Partei, a Presenz vum President Jean Schoos an den Deputéierte Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser, och intressant an opschlossräich. D’SOLEP-Verwaltungsrotsdelegatioun huet sech de 27. Mäerz bei eis presentéiert. Et waren d’Madamm Alexandra Guarda-Rauchs (Vizepresidentin), d’Madamm Pascale Marchal Griveaud (Administratrice) an den Här François-Xavier Borsi (Generalsekretär).

Deel dëse Post: