Entrevue mat der Bauerenzentral

D’ADR hat d’Freed, de 17. Februar d’Bauerenzentral an hire Fraktiounsbüroen ze empfänken. Et huet een iwwertdéi sëllege Problemer geschwat, mat deenen d’Baueren den Ament konfrontéiert sinn. D’Bauere kréien ëmmer méi Oplagen, eng finanziell Kompensatioun dofir gëtt et awer kaum. Och de sougenannten Agri-Bashing, dat heescht d’Schlecht-Maache vum Bauer an de soziale Medien, stellt e seriö Problem duer. Et gëtt dacks vergiess, datt de Bauer den Ernärer vun der Natioun ass a wesentlech zum Natur- a Landschaftsschutz bäidréit.

 

Deel dëse Post: