Entrevue mat der ALFI

D’Lëtzebuerger Fongenindustrie ass e wichtege Pilier vun eiser Wirtschaft, deen iwwer d'”Taxe d’abonnement” eng 950 Milliounen an d’Staatskeess bréngt. D’ALFI ass den Daachverband vun deem Secteur an hire Generaldirekter Camille Thommes wëll virun de Walen de Standpunkt vum Secteur kloer maachen. Well och wann d’Zuele gutt sinn an d’Fonge Konjunktur hunn, gëtt et eng Rëtsch Punkten, déi der ALFI Suerge maachen a wou d’Regierung agräife kann.

Esou ass d’Konkurrenz vun Irland, dat e gënschtege Steiermodell geschaf huet, staark a riskéiert, Lëtzebuerg aus engem Deel vun de Fongegeschäfter erauszedrécken. Et geet ëm d’passiv Verwaltung vu Fongen, an et ass deen Deel vum Secteur, deen am meeschte wiisst. Beklot gëtt sech och, datt déi kuerz Weeër bis bei d’Regierung, déi ëmmer en Tromp vum Standuert Lëtzebuerg waren, am gaange sinn, méi laang a méi komplizéiert ze ginn. Suerge mécht d’ALFI sech nach, datt net genuch Lëtzebuerger Vertrieder op internationalem Niveau an den Institutioune matschaffen, wou d’Reegelen net nëmme fir d’Fongenindustrie gemaach ginn. Bei der ADR, vertrueden duerch Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser, Roy Reding an de Generalkeessier Detlef Xhonneux, sinn d’Uleies vun der ALFI op alle Fall net op daf Ouere gestouss.

Deel dëse Post: