Entrevue mat de Responsabele vum Radio 100,7

Den ëffentlech-rechtleche Radio war an deene leschte Méint duerch intern Spannungen negativ opgefall, an huet fir negativ Schlagzeile gesuergt. Tëscht der Redaktioun an dem Direkter Marc Gerges hat et méi wéi eemol zolidd geflaamt. E neie Gesetzleche Kader fir den 100,7, deen ënnertanerem d’Rechter an d’Flichte vun de Journaliste kloer definéiert, ass an der Maach an ass net vu Muttwëll. Dat neit Gesetz gëtt vun der ADR ausdrécklech ënnerstëtzt. Am Laf vun der Entrevue huet dunn de Fernand Kartheiser dem Radio-Direkter an och der Chefredaktesch däitlech ze verstoe ginn datt en ëffentlech-rechtleche Sender d’Flicht hätt fir politesch neutral ze berichten. D’Journaliste wären awer an hirer Berichterstattung dacks net objektiv a parteiesch, dat wär méi wéi bedauerlech. D’ADR hofft op alle Fall datt de neie Code de Deontologie fir d’Journaliste vum 100,7 seng Friichten dréit.

Deel dëse Post: