Entrevue Fondation Autisme

Autismus ass eng Krankheet, déi nach net voll erfuerscht ass. Awer ëmmer méi Leit ginn domat diagnostizéiert. Iwwerdeems zu Lëtzebuerg nach mat all honnertstem Awunner gerechent gëtt, ginn a Nordamerika d’Medeziner éischter vun all 80. oder esou all 60. Awunner aus. Potentiell betraff si laut Lëtzebuerger Zuelen eng 5.900 Leit. D’Fondation Autisme bedreift mat 125 Leit Personal op zwee Site geschwë 6 Foyere fir déi schlëmmste Fäll a probéiert och soss, de Leit esou gutt ze hëllefen wéi et geet.

Wéinst de Besoinen, déi och hei am Land ëmmer méi grouss ginn, plädéiert d’Vereenegung fir e Nationalen Autismus-Plang. Well grad Autisten kënnen, wa si vu klengem un richteg encadréiert sinn, gutt an der Gesellschaft eens ginn an hunn dacks ganz speziell a wichteg Gebidder, wou si Besseres leeschten, wéi aner Leit. D’FAL schafft mat der Uni Lëtzebuerg un esou engem Aktiounsplang a wär frou fir deen ëmgesat ze gesinn. De Carlo Klein (Komitee FAL) an d’Mme Andreia Pinto Costa, Fuerscherin un der Uni Lëtzebuerg (INSIDE), hunn dëse Plang virgestallt a Presenz vum Gast Gibéryen, vum Generalkeessier Detlef Xhonneux a vun der Presidentin vun den ADR Fraen Sylvie Mischel.

Deel dëse Post: