Entrevue ADR – Hôpitaux Robert Schuman

En Méindeg, den 3. November 2014 huet den Dr Paul Wirtgen, Generaldirekter vun den „Hôpitaux Robert Schuman“, an de Raimlechkeete vun der ADR de Konzept vun de Spideeler um Kierchbierg, der Zitha Klinik, der Clinique Sainte Marie (Esch-Uelzecht) an der Clinique Bohler virgestallt. Den Dr Wirtgen huet dobäi d’Suergen an d’Bedenke vun de Hôpitaux Robert Schuman duergeluecht, deen déi „privat“ Spideeler geréiert, vis-à-vis vum Spidolsplang vun der Regierung. Bei deem Gespréich sinn och méi allgemeng Problemer am Beräich vun der Gesondheetspolitik ugesprach ginn.

D’ADR Deputéierten, Gast Gibéryen an Fernand Kartheiser, hunn sech gefreet, Informatiounen aus éischter Hand ze kréien, an esou besser virbereet ze sinn op d’Debatten an der Chamber zum Spidolsplang (den 19. November). Den Austausch vun Informatiounen an Iddien hunn sech ënner anerem bezunn ëm d’Analysen am Staatslabo, d’Zuel vun den akute Better, de längeren Openthalt vun eelere Leit an de Spideeler an d’Zukunft vum „ronne Spidol“ zu Esch.

D’ADR wäert sech dofir asëtzen, datt och zu Lëtzebuerg Better fir de „long séjour gériatrique“ zu Verfügung gestallt ginn, dëst fir ze vermeiden, datt „Pingpong“ gespillt mat eeler Kranke Leit, tëschent dem Spidol an dem Seniorenheim. Fir de Gast Gibéryen steet och fest: „d’Gesondheetspolitik däerf net zur politique politicienne ginn“.

Deel dëse Post: