Entrevue ADR – Handwierkerkummer

E Mëttwoch, de 12. November 2014 hunn d’ADR – Deputéierten eng Delegatioun aus der Handwierkerkummer an de Raimlechkeete vun der Fraktioun empfaangen. Dëst war d’Geleeënheet, an enger kollegialer Sëtzung, op déi sëllech Suerge vun der Chambres des Métiers anzegoen. Ganz interesséiert hunn d’Deputéierte vun der ADR de ville Virschléi vun der Handwierkerkummer nogelauschtert.

D’Plans sectoriel goufe kuerz gesträift. Hei gesäit esou ass, datt d’Regierung selwer erkannt huet, datt nach villes muss iwwerschafft ginn, esou datt op eventuell nei Pläng muss gewaart ginn. Grondsätzlech miss, als éischt, festgeluecht ginn, wou d’Land well histeieren. Da kënne Pläng opgestallt ginn. „Et muss een och oppassen, wann esou Pläng opgestallt ginn, datt domadder net d’ganz Land blockéiert gëtt“, sot de Gast Gibéryen.

Grouss Konvergenze gouf et och, wat d’Handwierk an d’Formatioun ubelaangt. Besonnesch wat d’Beruffsformatioun ubelaangt,sinn déi grouss Defizite aus der Reform vun 2008 (Modullen) ervir gestrach ginn. Knapp 40% vun de Jugendlechen, déi esou eng Formatioun ufänken, packen et bis bei den Diplom! Dëse Manktem vu qualifizéierte Handwierksleit mécht sech dann och an de Formatioun fir d’Meeschterprüfung bemierkbar. Hei ënnerstëtzt d’ADR d’Iddi, d’Course vun der Meeschterprüfung pro „corps de métier“ ze organiséieren. D’Problemer fänken awer schonns oft an der Grondschoul un. Hei sinn sech ADR an Handwierkerkummer eens, datt och am Fondamental d’Schoule musse vun Direktere geleet ginn.

Klima an Energie: och bei dësem Thema gouf et grouss Iwwerteneestëmmung: vun der Vereinfachung vun den administrative Contraintë bis zur Klimabank mussen nach vill Efforte gemaach ginn. Festgehale gouf och, datt d’Investissementer am Sënn vum Klimaschutz mussen zu Lëtzebuerg gemaach ginn, an net a friem Länner exportéiert ginn.

Déi vun der Dräierkoalitioun gefuerdert Zesummeleeë vun der Handelskummer an der Handwierkerkummer, bei gläichzäiteger Reduktioun vun der Dotatioun vum Staat, stéisst bei der ADR op gréisser Skepsis.

D’Chambre des Métiers war vertrueden duerch déi Hären Tom Wirion, Paul Krier, Christian Reding an Norry Dondelinger. D’Delegatioun vun der ADR huet bestanen aus den Deputéierte Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding, assistéier vum Attaché Alain Kleeblatt.

Deel dëse Post: