Entrevue ACEL – ADR

En Dënschdeg, den 22. Abrëll, huet de Clifton Cano, Member vum Comitée vun der ACEL, d’Revendicatioune vun der Associatioun vun de Studenten a Saachen Boursen ënner anerem an der ADR-Fraktioun virgestallt. D’ADR war vertrueden duerch de Gast Gibéryen, Deputéierten.

D’ACEL – Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois – vertrëtt 44 Studentecerclen a ronn 10 000 Studenten. Am Dossier Boursen vertrëtt d’ACEL dës Positiounen:

  • D’Bourse de Base soll op de Montant vum Kannergeld fixéiert ginn;
  • Déi Studenten déi kee Recht op de volle Montant vun der sozialer Bourse hunn sollen d’Méiglechkeet kréien dësen Deel als Prêt ze huelen;
  • Méi Studentewunnengen oder eng Wunnengsbäihëllef fir d’Studente vun der Uni Lëtzebuerg;
  • Wa Sozial Critère gekuckt ginn da sollen se richteg gekuckt ginn, z.B. d’Unzuel vun de Kanner am Stot;
  • Dat Joer wat een am Bachelor méi zegutt huet soll engem am Master gutt geschriwwe ginn wann een de Bachelor an der Regelstudienzäit gepackt huet.

Den Deputéierten Gast Gibéryen stëmmt mat der ACEL iwwereneen, datt duerch d’Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff den aktuelle System vun de Boursë fir d’Studente muss revidéiert ginn, a bemierkt „datt d’Revendikatiounen vun der ACEL ganz raisonnabel sinn“. Dobäi musse ganz besonnesch déi sozial Kritären eng méi grouss Roll spillen.

Fir d’ADR zielt ganz prinzipiell: „Wie wëllt studéiere goen, dee muss och kënne studéiere goen“. Op dëser Basis, a mat den zousätzlechen Informatiounen vun der Studentenorganisatioun, wäert d’ADR am Dossier Studieboursen weider beaarbechten.

Deel dëse Post: