Enseignanten: Ongerechtegkeet bei der Weiderbildung?

En Enseignant muss elo am Laf vu senger Karriär bis zu 460 Stonne méi Weiderbildung leeschte wéi aner Staatsbeamten. Mam neie Gesetz ass d’Zuel vun de Stonne vun der Formation Continue verdräifacht ginn an den Enseignant muss, wärend senger Karriär, am ganze 640 Stonne maachen. Dann ass bei anere Staatsbeamten d’Weiderbildung och mat Avancementer verbonnen, bei den Enseignanten dogéint net. Well beim neie Gesetz de Risiko besteet datt d’Enseignanten dowéinst nach op d’Barrikade ginn, huet sech d’ADR der Saach ugeholl.

Deel dëse Post: