Enseignant: Gehaltproblem?

Hei ass d’parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Jeff Engelen.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Méintelaang goufen extern Mataarbechter vun der Sportsschoul net bezuelt, nodeems engem héije Beamten de Manktem vun enger legaler Basis fir dës Iwwerweisungen opgefall ass. Dem Artikel ,,Die Rolle rückwärts von Georges Engel” no, deen den 9. November vu Reporter.lu verëffentlecht gouf, huet dem betreffende Beamten seng Aschätzung sech nodréiglech als richteg erausgestallt. Dës Situatioun war eng grouss Belaaschtung fir déi betraffe Mataarbechter vun der Sportschoul.

En Deel vun dësem Problem huet d’Chamber mam Gesetz vum 29. Juli 2023 zur Schafung vun engem nationale Sportsinstitut geléist. Mee dat entspriechend groussherzoglecht Reglement, deen déi genee Montante fixéiert, gouf vum Staatsrot staark kritiséiert. Dëse weist a sengem Avis vum 11. Juli notamment op eng Rei Mängel an den normenhierarchesch méi héijen Texter hin, déi als legal Basis fir dat genannte Reglement déngen a warnt, datt de ganzen Text am Zesummespill mat dem Artikel 45 Paragraph 2, den Artikelen 102 an 112, an dem Artikel 117 Paragraph 5 vun där neier Verfassung riskéiert seng Gültegkeet ze verléieren.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister seng allgemeng Positioun zu deem Dossier elaboréieren a preziséieren, wéi hien zu deem uewen zitéierten Avis vum Staatsrot steet?
  • Wat gesäit den Här Minister vir, fir dës Situatioun méiglechst séier ze regulariséieren, fir eng Widderhuelung vun dëser onméiglecher Situatioun fir d’Sportspersonal onbedéngt ze vermeiden?

Mat déiwen Respekt,

 

Hei fannt Dir déi Äntwert vum Minister.

Deel dëse Post: