Enquête “Cadastre des loyers”: firwat net op Lëtzebuergesch?

Zu enger Enquête vum Logementsministère, bei där eis Nationalsprooch iwwergaange gouf, huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un den zoustännege Minister.

Fro:

Viru Kuerzem hat den Här Minister e Schreiwes un “personnes sélectionnées”  geschéckt, fir si dozou opzefuerderen, un der Enquête “Cadastre des loyers” deelzehuelen. An dësem Schreiwes heescht et: « Par la présente, je vous invite à remplir le questionnaire en ligne, d’une durée de 25 minutes, disponible en français, allemand et anglais. » Verschidde Leit hunn sech doropshin driwwer opgereegt, dass dësen Online-Froebou net an der offizieller Landessprooch Lëtzebuergesch disponibel ass.

An deem Zesummenhang hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  • Firwat gëtt dee Froebou net op Lëtzebuergesch ugebueden?
  • Wéi vill Persoune goufe fir dës Ëmfro selektionéiert? Wéi vill vun hinnen hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit a sinn deemno censéiert Lëtzebuergesch ze verstoen?
  • Wéi steet den Här Minister zur Iwwerleeung, datt méi ugeschriwwe Leit dee Questionnaire géifen ausfëllen, wann en och op Lëtzebuergesch géif ugebuede ginn?
  • Wéi passt d’Entscheedung, dee Questionnaire net op Lëtzebuergesch unzebidden, zur offizieller Sproochepolitik vun der Regierung, déi den „Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch“ zu enger Prioritéit erkläert huet ?
  • Plangt de Ministère, dee Froebou nodréiglech och op Lëtzebuergesch unzebidden?
  • Ginn et Pläng, zukünfteg Ëmfroe méi inklusiv ze gestalten, z.  duerch all offiziell Sproochen zousätzlech zum Engleschen?

Äntwert:

Et ass dem Ministère vu verschidde Säite suggeréiert ginn, esou Questionnairen och ob Lëtzebuergesch
ze maachen a gegeebenenfalls och ob Pabeier. Dëst ass eng Suggestioun déi mer fir zukünfteg Enquêtë
gären ophuelen. Am Fall wou d’Bedeelegung un esou enger Enquête obligatoresch géing ginn, wier dat
selbstverständlech och noutwendeg. Et ass awer net geplangt dat nach fir dës Enquête ze maachen, well
den Delai fir ze äntwerten Enn November ofleeft. Eng Pabeierversioun ass aus technesche Contrainten
och net méiglech.
Dës Enquête gouf u 27.988 Leit verschéckt. Aus Dateschutzgrënn – a well d’Nationalitéit vun de Leit fir
d’Enquête keng Roll spillt – ass net bekannt wei sech dësen Echantillon no verschidden Nationalitéiten
opschlësselt.

 

Deel dëse Post: