Ënnerstëtzung fir schwanger Studentinnen a fir Studente mat Kanner

D’Deputéierter Tom Weidig, Alexandra Schoos an Dan Hardy wëlle vun der Héichschoulministesch wëssen, wat d’Regierung fir schwanger Studentinnen a fir Studente mat Kanner mécht bzw. ze maache gedenkt.

Fro:

D’Kompatibilitéit vun Héichschoulstudium, Schwangerschaft an Eltereschaft stellt fir vill Studentinnen a studéierend Eltere weiderhin eng grouss Erausfuerderung duer. Studienënnerbriechungen, Retarden am Studieverlaf oder souguer Studienofbréch opgrond vu Schwangerschaft oder Kannerbetreiung kënnen negativ a laangfristeg Auswierkungen op déi berufflech Perspektive vun de concernéierte Persounen hunn.

Verschidden europäesch Länner hu schonns geziilt Moossnamen agefouert, notamment flexibel Studiemodeller, adaptéiert Prüfungsmodalitéiten, Kannerbetreiungsofferen oder spezifesch Ënnerstëtzungsstrukture fir schwanger Studentinnen a studéierend Elteren. Och zu Lëtzebuerg gewënnt dëse Sujet progressiv u Bedeitung.

An deem Kontext géife mir der Madamm Minister gäre follgend Froe stellen:

  1. Verfüügt den Héichschoul- a Fuerschungsministère iwwer konkret an detailléiert Donnéeën zur Situatioun vu schwangere Studentinnen a studéierenden Elteren zu Lëtzebuerg, besonnesch am Hibléck op Studienënnerbriechungen, Studienofbréch, Retarden am Studieverlaf oder Studienerfolleg?
  2. Wéi eng konkret Ënnerstëtzungsmoossname bestinn aktuell op der Universitéit Lëtzebuerg an an aneren tertiäre Bildungsariichtunge fir schwanger Studentinnen a studéierend Elteren (z.B. flexibel Studiemodeller, individuell Begleedung oder Kannerbetreiungsofferen)?
  3. Plangt d’Regierung zousätzlech Moossnamen, fir d’Kompatibilitéit vun Héichschoulstudium, Schwangerschaft an Eltereschaft weider ze verbesseren, notamment duerch den Ausbau vu Kannerbetreiungsofferen, méi flexibel Studiemodalitéiten oder spezifesch Ënnerstëtzungsprogrammer?

Äntwert:

  1. Dem Ministère fir Fuerschung an Héichschoul leien zu dësem Thema keng valabel a systematesch erfaassten Donnéeë vir, well e bis elo nëmmen an eenzele Fäll punktuell doriwwer informéiert ginn ass.
  2. D’Universitéit Lëtzebuerg ënnerstëtzt schwanger Studentinnen an Elteren, déi studéieren. Den akademesche Parcours kann adaptéiert ginn fir hirer Situatioun Rechnung ze droen, z.B. andeems Ënnerbriechunge vum Programm, individuell Ännerunge vum Studiekalenner oder aner Ajustementer gemaach ginn.
    D’Universitéit informéiert op hiren Intranet-Säiten iwwer praktesch Froen, déi sech am Fall vun enger Schwangerschaft wärend de Studie stellen, an de Retour an d’Studie no enger laanger Absence. Ënnerstëtzungsprogrammer, wéi Mentoringkreeser, bidden och eng Hëllef fir Studenten un, fir d‘Erausfuerderunge vu Studium, Fuerschung a Familljeliewen ze meeschteren. Dës Peer-Mentoring-Programmer encouragéieren den Erfarungsaustausch an d’Deele vu prakteschen Informatiounen iwwer d’Organisatioun vum akademeschem Parcours, d’Gestioun vun Iwwergangsphasen an den Equiliber tëscht Familljeflichten an akademeschen Ufuerderungen.
    Obwuel se net ausschliisslech fir Elteren geduecht sinn, erlaben dës Programmer de Betraffenen, vun informelle Rotschléi ze profitéieren an en Ënnerstëtzungsnetz opzebauen.
    Zu den ugebueden Adaptatioune gehéiere Pausen a Raim fir d’Stëllen, souwéi flexibel Arrangementer an der Organisatioun vun de Studie.
    Wat d’Kannerbetreiung ugeet, hëlt d’Crèche am Babbeltiermchen um Lampertsbierg zanter 2010 Kanner vu Studenten a Personal op. Zousätzlech ënnerstëtzt d’Universitéit bestëmmte Moossnamen, fir d’Participatioun um Universitéitsliewen ze erliichteren, zum Beispill andeems si d’Käschte fir d’Kannerbetreiung wärend Konferenzen iwwerhëlt.
    De Règlement des études vun der Universitéit gesäit d’Méiglechkeet vun enger Ënnerbriechung vun de Studien am Fall vun enger Schwangerschaft oder vun elterleche Verflichtunge vir. D’Comission des aménagements raisonnables vun der Universitéit préift och d‘Demanden, fir d’Modalitéite vum Studium am Fall vun enger Schwangerschaft oder elterleche Verflichtungen unzepassen.
    D’Universitéit huet och en Aarbechtsgrupp agesat, deen d’Aufgab huet, d’Reegelen an d’Arrangementer fir schwanger Studentinnen a fir Elteren, déi Studente sinn, ze aktualiséieren. Dës Initiativ huet besonnesch zum Zil, d’Ënnerstëtzung fir déi Betraffe ze stäerken an déi aktuell Arrangementer ze verbesseren.
  3. D’Universitéit Lëtzebuerg suivéiert ganz genee d’Erausfuerderungen, déi mat der Conciliatioun vum Studium, Schwangerschaft an Eltereschaft verbonne sinn. An dësem Kader huet d’Universitéit Diskussiounen ugefaangen, fir eng Kannerbetreiung um Campus Belval opzebauen, déi souwuel fir Studente wéi och fir Mataarbechter geduecht ass.
    Dës Initiativ ass och Deel vum Plang vun der Universitéit fir d’Gläichheet vun de Geschlechter 2026–2031, deen, ënner anerem, d’Zil huet, eng Kannerbetreiungsstruktur fir Mataarbechter a Studenten, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, ze entwéckelen.
    De Projet de loi 8636 iwwert d’Studiebäihëllefen gesäit zousätzlech spezifesch Bestëmmunge fir Studente vir, déi hir Studien op Deelzäitbasis verfollegen. Dës Bestëmmungen erlaben et notamment, d’Bezuchsperiod vun der finanzieller Hëllef op eng Dauer auszedeenen, déi bis zu duebel sou laang ka si wéi déi fir Vollzäitstudente virgesinnen Dauer. Dës Flexibiliséierung soll ënner anerem der Situatioun vu jonken Eltere Rechnung droen, andeems si hinnen erméiglecht, hir Studien an hir familiär Obligatiounen besser mateneen ze vereenen.
    Ënner Virbehalt vun der Adoptioun vun deem Projet de loi sollen dës Bestëmmunge fir d’Studiejoer 2026/2027 a Kraaft trieden.
Deel dëse Post: