Ënnerstëtzt Lëtzebuerg e Regimm, dee méi a méi autoritär gëtt?

De Fred Keup a Fernand Kartheiser wëlle vum Wirtschaftsminister a Bausseminister gewuer ginn, ob Lëtzebuerg e Regimm ënnerstëtzt, deen, wéi et schéngt, ëmmer méi autoritär gëtt.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister an un den Här Bausseminister weiderzeleeden.

D’Sécherheetssituatioun am Senegal gëtt ëmmer méi onstabil an rezent koum et zu gewalttätege Protester am ganze Land. Hannergrond dovun ass en ëmstriddent Geriichtsurteel géint de bekannte senegaleseschen Oppositiounspolitiker Ousmane Sonko. Déi senegalesesch politesch Oppositioun geheit dem Präsident Macky Sall vir, ëmmer méi autoritär ze agéieren an Oppositioneller wëlle monddout ze maachen, respektiv, dorun ze hënneren, politesch Verantwortung ze iwwerhuelen. Deemno géif de Macky Sall eng drëtt Amtszäit ustriewen, wat am Senegal iwwerdeems net kompatibel mat der Verfassung wier, déi maximal zwou Amtszäite vun engem President virgesäit.

Brisant ass an deem Kontext, datt Lëtzebuerg de Senegal scho jorelaang am Beräich vun der wirtschaftlecher Entwécklung ënnerstëtzt. Am Februar dëst Joer gouf den Ierfgroussherzog am Kader vun enger Visitt am Senegal vum President Macky Sall esou guer mat der héchster senegalesescher Auszeechnung (Ordre national du Lion du Sénégal) dekoréiert.

An deem Kontext hätte mir folgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi schätzt d’Regierung déi aktuell politesch Lag am Senegal an? Confirméiert sech an den Ae vun der Regierung d’Kritik vun der senegalesescher politescher Oppositioun, datt de senegalesesche President ëmmer méi autoritär agéiert an Oppositiounspolitiker aschüchtere wëll? Misst d’Regierung sech an deem Fall net vum aktuelle politesche Regimm distanzéieren an och hir finanziell Ënnerstëtzung iwwerdenken?
  2. Wéi eng Konsequenzen hunn déi uewe beschriwwen Ëmstänn op déi zukünfteg politesch a wirtschaftlech Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an dem Senegal?

Mat déiwem Respekt, Fred Keup, Fernand Kartheiser

Deel dëse Post: