Enn vum CNG-Gas – wéi weider bei ëffentleche Gefierer?

Zu Lëtzebuerg konnt déi lescht Joerzéngten och mat Äerdgas getankt ginn. Am Mäerz 2023 mécht allerdéngs déi lescht entspriechend Tankstell zou an d’Regierung gesäit keng Alternativ vir. Wéi et der ADR zougedroe gouf, hunn de Staat an d’Gemengen awer nach selwer eng ganz Rei der Gefierer am Betrib. Wéi soll et hei weidergoen? De Fred Keup an de Jeff Engelen verlaange vun deenen zoustännege Ministere Ried an Äntwert.

Fro

An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro Nummer 6600 vun der ADR schreift d’Regierung, datt vun 2023 u keng CNG-Gas Tankstell méi zu Lëtzebuerg géif zur Verfügung stoen. Esou wéi et eis zougedroe gouf, gräifen aktuell nach eng Rei Gemengen notamment bei hiren technesche Gefierer a vereenzelt och bei kommunale Buszervisser op dëse Brennstoff zeréck.

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert wéi vill Gefierer op Basis vun CNG-Gas op de Stand vun der Kalennerwoch Nummer 41 beim Staat an de Gemengen agesat ginn an ëm wéi eng Zort Gefierer et sech handelt (Bussen, Camionen, Déngschtautoen, technesch Gefierer asw.)?
  • Wéi beurteelt d’Regierung d’Gefor, datt déi eenzel Institutiounen hir Gefierer opgrond vu kuerzfristegem Verkafsdrock ënner Wäert am Ausland mussen ofsetzen?

Äntwert

Déi honorabel Deputéiert froe Prezisiounen iwwert ee méigleche Wäertverloscht vu CNG Gefierer an der ëffentlecher Hand.

Am Fuerpark vum Staat befannen sech am Moment nach een Auto an eng Camionnette déi reng mat CNG bedriwwe ginn. Wat d’Unzuel vun esou Gefierer bei de Gemengen oder Gemengensyndikater ubelaangt, esou sinn dës Informatiounen net fräi zougänglech an de Staat erhieft oder suivéiert net systematesch de Fuerpark vun de Gemengen oder Syndikater.

Laut der SNCA[1] waren Ufank November 161 reng mat CNG bedriwwen Gefierer zu Lëtzebuerg op personnes morales (ënnert anerem Gemengen) ugemellt. Dëst waren 60 Autoen (Kategorie M1), 27 Camionnetten (N1), 63 Busser (M3) an 11 Camionen (N2&N3).

Heibäi gëllt et awer ze präziséieren datt déi uewegenannte CNG-Busser integral vum TICE bedriwwe ginn, deen op sengem Betribshaf eng eege CNG-Tankstell huet an dës nach wäert weider bedreiwen. Syndikéiert TICE-Gemenge kennen och eng Demande stelle fir dës CNG-Tankstell fir hier Gefierer ze notzen. Dëst awer zu definéierten Auerzäite fir dat d’Notanke vun der Busflott net gestéiert gëtt.

Wei an der rezenter Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°6600 präziséiert ass et d’Decisioun vum Tankstellbedreiwer gewiescht fir d’CNG Tankséilen zouzemaachen an dëst gouf 2018 schon per Pressecommuniqué a per Bréif un alleguerten déi deemoleg Besëtzer vun engem CNG Gefier matgedeelt. Esou kann een hei net vun engem kuerzfristege Verkafsdrock schwätze fir d’Gefier ënner Wäert mussen ze verkafen.

Do dernieft si momentan duerch déi bestoend Liwwerproblemer vun Neiween d’Präisser vun Occsasionsgefierer och éischter héich. De Fuerpark vun an der EU ugemellten CNG Gefierer[2] t ass déi läscht Joeren och konstant bliwwen an a verschiddene Länner, wéi der Belge[3], och liicht geklommen.

Dokument vun der Fro

Dokument vun der Äntwert

Deel dëse Post: