Eng Zukunft fir déi privat Danzschoulen

Déi privat Danzschoule si ganz staark vun de Restrictiounen am Kontext vum Kampf géint Covid-19 betraff: 30 m2 pro Schüler. Dës Conditioun, déi de privaten Danzschoule vun der Regierung Enn November imposéiert gouf, fir iwwerhaapt nach Coursen „en présentiel‟ ubidden ze kënnen, kéint verschidden Danzschoulen an de Ruin dreiwen. Well Danze vun der Regierung als „activité physique‟ bezeechent gëtt, si si vum Sportministär ofhängeg a musse sech dofir u Restrictiounen halen, déi zum Deel méi rigid si wéi d’Conservatoiren, déi vum Schoulministär ofhänken. Vill Elteren huelen hir Kanner dofir aus de privaten Danzschoulen eraus a melle se fir de Conservatoire un. Bleift d’Regierung an deem Dossier stur?

Deel dëse Post: