Eng Vollekszielung mat niddreger Bedeelegung

Un der Vollekszielung, déi d’lescht Joer vum Statec an Zesummenaarbecht mam Wirtschaftsministère organiséiert gi war, hu 77% vun den 280.000 Stéit hei am Land deelgeholl, also ronn 215.000 Stéit. Verschidde Grënn si fir dës relativ niddreg Bedeelegung an d’Spill bruecht ginn, an éischter Linn d’Pandemie, awer och d’Aart vun de Froen. Ronn 65.000 Stéit hunn also net un dëser Vollekszielung deelgeholl. Kann ee bei dëser Zuel nach behaapten, datt déi Vollekszielung een zouverlässegen a representative Charakter huet?

 

Deel dëse Post: