Eng Vëlospist fir d’Frontalieren?

Vun Arel op Käerch gëtt bis 2028 déi nei Vëlospist 12 (PC 12) gebaut. Esou wéi gläich puer Zeitunge schreiwen, geet d’Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes dovun aus, datt dës och vu belsche Frontalieren als “Alternativ” zur Autobunn genotzt gëtt. Mee wéi realistesch ass déi Aschätzung? Eng parlamentaresch Fro vum Michel Lemaire:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Vun Arel op Käerch gëtt aktuell déi grenziwwerschreidend Vëlospist 12 (PC 12) gebaut. De 14. Abrëll war am Tageblatt ënner anerem ze liesen, datt dës Mobilitéitsoffer och un d’Frontalieren adresséiert ass, fir amplaz mam Auto, mam Vëlo schaffen ze fueren. Dacks hunn déi Leit hir Aarbechtsplaz awer net direkt hannert der Grenz, mee an der Stad. Deementspriechend missten si also, zum Beispill zu Klengbetten, op den ëffentlechen Transport ëmklammen.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister déi Informatioun, datt dës Vëlospist sech am Beruffsverkéier zu enger “Alternativ” zur Autobunn soll entwéckelen, bestätegen? Falls jo, vu wéi vill Leit déi nom Enn vun de Bauaarbechte vum Auto op de Vëlo ëmklammen, geet d’Madamm Minister ongeféier aus?
  • Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Leit fir vum Vëlo weider op den ëffentlechen Transport ëmzeklammen a wéi eng Begleetinfrastrukturen, notamment fir de Vëlo Daagsiwwer sécher ofzestellen, ginn an de Projet integréiert?

 

Deel dëse Post: