Eng vague Äntwert vum Minister

An engem rezente Rapport iwwert den Antisemitismus zu Lëtzebuerg gouf och den “Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient” (CPJPO) ernimmt. Dës Organisatioun werft Israel vir, Staatsterrorismus ze bedreiwen an eng “Apartheids-Politik” ze féieren. Den CPJPO ënnerstëtzt dësweideren de BDS (“Boycott, Divestment and Sanctions”), eng Campagne, déi Israel wirtschaftlech, politesch a kulturell isoléiere wëll an am Verdacht steet, mat terroristeschen Organisatiounen ze kooperéieren. De Fernand Kartheiser wëll an senger Fro vum 3. Juli un de Minister Romain Schneider wëssen, wéi d’Regierung mam CPJPO ëmgeet, dee jo ëmmerhi Member vum “Cercle de coopération” ass. De Fernand Kartheiser muss sech mat enger vager Äntwert zefridde ginn.

Deel dëse Post: