Verstäerkt Konkurrenz an héich Betribskäschten, den Horeca-Secteur ënner Drock. Ass eng “taxe de séjour” fir Touristen an dem Kontext wierklech eng gutt Iddi.
Vir do méi gewuer ze gi stellt den honorabelen Deputéierten Tom Weidig der Regierung déi follgend parlamentaresch Fro.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.
Am Kontext vun enger verstäerkter Konkurrenz an ëmmer méi héije Betribskäschte steet den Horeca-Secteur zu Lëtzebuerg aktuell viru groussen Erausfuerderungen. D’Attraktivitéit vum Land als touristesch Destinatioun gëtt aktuell vu verschiddene Facteuren negativ beaflosst.
Virun deem Hannergrond hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Verfüügt d’Regierung iwwer Etüden, Analysen oder statistesch Donnéeën iwwert den Impakt vun der kommunaler “taxe de séjour” op d’Attraktivitéit a Kompetitivitéit vun den touristeschen Destinatiounen hei am Land an den Ëmsaz am Horeca-Secteur? Wa jo, wat sinn déi wichtegst Conclusiounen? Wann nee, ass virgesinn, esou Analysen duerchzeféieren?
- Huet d’Regierung analyséiert, wéi sech déi kommunal “taxe de séjour” zu Lëtzebuerg am Verglach mat de Grenzregiounen an der Belsch, a Frankräich an an Däitschland positionéiert a wéi eng Auswierkungen dës Ënnerscheeder op d’Kompetitivitéit vum Lëtzebuerger Tourismus hunn?
- A wéi ville Lëtzebuerger Gemenge gëtt et aktuell eng “taxe de séjour”? Kann d’Regierung eng Oplëschtung vun de betreffende Gemengen zur Verfügung stellen, mat der jeeweileger Zomm, déi erhuewe gëtt, an dem Datum vun der Aféierung vun der Tax?
- Kann d’Regierung fir déi lescht dräi ofgeschlosse Budgetsjoren eng Oplëschtung vun de Recetten aus der “taxe de séjour” no Gemeng zur Verfügung stellen an uginn, wéi en Undeel dovun effektiv fir touristesch Infrastrukturen, d’Fërderung vum Tourismus oder aner tourismusbezunnen Zwecker agesat gouf?
- Dierfen d’Gemengen d’Recetten aus der “taxe de séjour” fir allgemeng kommunal Ausgabe benotzen, oder besteet eng gesetzlech Verflichtung, fir dës Mëttelen ausschliisslech fir tourismusbezunnen Zwecker anzesetzen?
- Ass d’Regierung bereet, de gesetzleche Kader ze iwwerpréiwen, fir de Betriber d’Méiglechkeet ze ginn, fir d’“taxe de séjour”, esou wéi och am Ausland üblech, separat op der Rechnung auszeweisen, amplaz se am Gesamtpräis (TTC) ze integréieren?
- Ass d’Regierung der Meenung, datt déi aktuell “taxe de séjour” d’Kompetitivitéit vum Tourismusstanduert Lëtzebuerg éischter stäerkt oder schwächt?
- Ass d’Regierung bereet, eng Harmoniséierung oder eventuell d’Ofschafe vun dësen Taxen ze envisagéieren, fir esou den Horeca-Secteur ze ënnerstëtzen an d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg ze stäerken?
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten