Eng Tarifferhéijung kënnt seelen eleng…

D’ADR-Sektioun Stad stellt no der ugekënnegter Erhéijung vun de Parking-Tariffer fest, datt de blo-grénge Schäfferot am Gaang ass, de Bierger ëmmer méi déif an d’Täsch ze gräifen. Besonnesch d’Stater Geschäftsleit wäerten och ënnert dëser Hausse leiden. No der grad esou massiver Erhéijung vun den Tariffer am ëffentlechen Transport fuerdert d’ADR de Schäfferot op, zouzeginn, datt dës Moossname getraff ginn, fir en Tram ze bauen, deen de Verkéiersproblem net léist.

Een Ongléck kënnt seelen eleng, seet d’Spréchwuert. Mä mam aktuelle Schäfferot misst et eigentlech heeschen : Eng Tarifferhéijung kënnt seelen eleng. No der Hausse am ëffentlechen Transport sinn déi Leit, déi mam Auto an d’Stad kommen, och gebiede méi déif an d’Täsch ze gräifen. Dës Moossnam ass net nëmme sënnlos, mä och kontraproduktiv. Amplaz d’Stad méi attraktiv ze maachen, gëtt sech de Schäfferot vill Méi, fir d’Leit aus der Stad ze verdreiwen!

Grad an enger wirtschaftlech schwiereger Zäit ass et néideg, d’Stater Geschäftsleit net am Stach ze loossen. Duerch déi successiv Erhéijunge vun den Tariffer gëtt den Transport, sief et mam Auto oder mam Bus, ëmmer méi deier an et besteet d’Gefor, datt ëmmer méi Cliente sech éischter fir aner Stied, an notamment am noen Ausland, entscheeden. D’Leit, déi an d’Stad komme fir kuerz eng Kommissioun ze maachen, däerfen op kee Fall penaliséiert ginn.

Fir déi betraffe Bierger ass et schwéier nozevollzéien, datt de Stater Schäfferot téint, fir gesond Finanze gesuergt ze hunn –wéi dat bei der Debatt ëm de Gemengebudget de Fall war – a kuerz drop Tarifferhéijungen annoncéiert. Dëst weist ganz kloer drop hin, datt d’DP an déi Gréng sech elo schonns wëlle Reserven uleeë fir den Tram ze bauen – en Tram, deen éischtens kee Verkéiersproblem léist an zweetens elo schonns eng vill ze grouss finanziell Belaaschtung fir d’Bierger mat sech bréngt.

D’ADR-Stad Lëtzebuerg fuerdert de Schäfferot op, éierlech ze sinn an déi reell Grënn fir d’Tarifferhéijungen zouzeginn. Oder fäerten den Här Bettel an den Här Bausch, datt d’Begeeschterung fir den Tram, déi an der Bevëlkerung souwisou net ganz grouss ass, mat Recht komplett verschwënnt?

D’ADR ass generell géint all ëffentlech Tarif- an Taxenerhéijungen, déi d’Liewe méi deier maachen an domat d’Inflatioun an d’Luucht dreiwen.

Deel dëse Post: