Eng staark Famill als Garant fir d’Wuelbefanne vun de Kanner

A senger Interventioun vum 1. Dezember iwwert d’Wuelbefanne vun de Kanner appelléiert de Fred Keup un d’Regierung, endlech nees eng méi familljefrëndlech Politik ze féieren; eng Politik, déi den Elteren e wierkleche Choix léisst, ob si hir Kanner doheem wëllen erzéien oder sech fir eng Crèche entscheeden. Déi aktuell Regierungspolitik ass leider sou gemënzt, datt d’Eltere meeschtens iwwerhaapt mol kee Choix hunn, hir Kanner doheem ze erzéien. Den ADR-Süd-Deputéierten zielt dann och konkret Pisten op, wéi een dës Situatioun steierlech a finanziell esou begleet, datt d’Elteren, ouni ze fäerten, an d’Aarmut ze falen, sech erëm dofir decidéiere kënnen, sech selwer ëm d’Kanner ze këmmeren. Jee méi Kanner eng Famill, desto méi geet den Aarmutsrisiko erop – eng Bankrotterklärung.

E weidere Punkt, deen dem Fred Keup um Häerz leit, ass datt d’Kanner och iwwerall hir Mammesprooch kënne schwätzen a verstaane ginn – och dat ass en Deel vun der Liewensqualitéit a vum Wuelbefanne vun de Kanner.

Kritesch muss een dann och déi Entwécklung gesinn, datt Kanner ëmmer méi Zäit virum Bildschierm an doduerch déi normal Entwécklung vum Kand negativ beanträchtegt gëtt. An deem Zesummenhank plädéiert den ADR-Süd-Deputéierten dofir, fir den Äifer vun der Regierung ze bremsen, fir d’Kanner och an der schoulescher Ausbildung permanent mat der Aarbecht um Bildschierm ze konfrontéieren.

Deel dëse Post: