Eng staark Ekipp: Är Stëmm fir Lëtzebuerg!

Opbrochstëmmung bei der Presentatioun vun der Kandidatelëscht vun der ADR fir d’Chamberwalen:
Vum Student iwwert de Bauer an d’Hausfra, vum Aarbechter iwwert de Fonctionnaire an den Dokter, vum Pensionär iwwert den Affekot an de Selbstännegen: Et war eng staark Ekipp, déi d’ADR den 1. Juni zu Nidderfeelen der Ëffentlechkeet presentéiert huet; eng Ekipp, déi an der Mëtt vum Lëtzebuerger Vollek steet a versteet, wéi d’Leit dobaussen denken a fillen; eng Ekipp, déi net ofgehuewe vun der Liewensrealitéit an de Suerge vun de Leit ass; eng kompetent a couragéiert Ekipp, déi, wann de Wieler dat wëll, un enger besserer Zukunft fir Lëtzebuerg schaffe wäert. Dofir heescht et de 14. Oktober: “Är Stëmm fir Lëtzbuerg”.
 

 

 

 

 

Deel dëse Post: