Eng Schwäch am Justizsystem

Hei ass d’parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Fernand Kartheiser.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

No enger Entrevue vun der  Madamm Justizminister mat der Associatioun LVDS (La voix des survivant ( e )s) stoung am Quotidien vum 8. Abrël 2024 en Artikel mat dem Titel: „Des failles juridiques trop nombreuses“  mat ë.a. dësem Abschnitt: „ À l’ issue de la réunion, la délégation affirme avoir été entendue par une ministre «à l’ écoute des revendications», qui a reconnu les «faiblesses» du système judiciaire et partageant «ce même objectif de lutter efficacement contre toute forme de violence». À cet égard, Elisabeth Marque a rappelé la volonté gouvernementale de «créer un centre national d’accueil pour victimes de violences sexuelles et de retravailler plusieurs dispositions légales»

An dësem Zësummenhank wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Pläng gëtt et konkret fir esou en Zentrum „d’accueil pour victimes de violences sexuelles » ? Sollen hei all Kategorie vun Affer berücksiichtegt ginn ?
  2. Wéi eng legal Dispositiounen sollen « iwwerschafft » ginn, firwat an zu wéi engem Zweck? Wat sinn d’Pläng vun der Regierung an u wéi eng Délaië gëtt hei geduecht?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: