Eng Renaturéierung déi keng ass! Wien dréit d’Responsabilitéit?

Eng Renaturéierung vun der Syr bei der fréirer Cité Syrdall, ouni Sënn a Verstand, an déi Fauna a Flora souguer schued, wërft d’Fro op wéi den Ëmweltministère esou e schlechte Projet  iwwerhapt autoriséiere konnt. De Fred Keup freet no:

 

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltminister weiderzeleeden.

Well d’Cité Syrdall bei Wecker elo nei bebaut gëtt, muss am Kader vum Naturschutzgesetz kompenséiert ginn. An der neier Cité „An der Schmëtt“ muss domadder d’Syr renaturéiert ginn, déi duerch d’Cité leeft. Dofir ass de Laf vun der Syr, deen ekologesch intakt war, mam Bagger verännert gi, fir mat honnerten Tonne schwéiere Steng, erëm ausgekleet ze ginn. De Projet soll am ganze bal zwou Milliounen Euro kaschten. Vu Renaturéierung kann awer keng Rieds goen, well de Laf vun der Syr nach ni esou ausgesinn huet.          

 

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  1. Wien dréit d’Responsabilitéit fir d’Ëmsetze vun dësem Renaturéierungs-Projet?
  2. Wat ass de Grond fir d’Renaturéierung vun der Syr op des Manéier duerchzezéien?

Mat déiwem Respekt,

                                                                          Fred Keup, Deputéierten     

Deel dëse Post: