Eng Prozedur fir de “Péril en la demeure”?

An  enger parlamentarescher Fro wëll den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen gewuer ginn, wéi dat bei Staat a Parastaat mat “Péril en la demeure” geet. An esou enger Situatioun kënne Fonctionnairen an Employéen forcéiert ginn, iwwer hir Stonnen eraus an zu ongewinnten Auerzäiten ze schaffen – zum Beispill, wann et aussergewéinlech vill schneit. Dat kann awer ënner Ëmstänn problematesch sinn, esou datt de Gast Gibéryen freet, wéi esou Decisiounen zu stan kommen a wie bei Problemer d’Verantwortung huet.

Deel dëse Post: