Eng nei Verfassung? Nëmmen duerch e Referendum!

Op hirem Nationalkongress den 2. Juli am Parc Hotel Alvisse huet d’ADR sech am Haaptsujet mat der geplangter, neier Verfassung beschäftegt. D’Positioun vun der ADR ass hei ganz kloer. Eng nei Verfassung kann nëmmen duerch e Referendum vum Lëtzebuerger Vollek legitiméiert ginn. Eng entspriechend Resolutioun gouf eestëmmeg ugeholl. 

Hannergrondinformatiounen – Chronologie vum Kampf vun der ADR fir eist Land

Den 19. Februar huet d’ADR eng Resolutioun an d’Chamber abruecht, fir déi aner Parteien un hirt Referendumsverspriechen ze erënneren.

Den 20. Mee huet d’ADR eng Resolutioun an d’Chamber abruecht, fir déi aner Parteien un hirt Verspriechen zu der Informatiounscampagne ze erënneren.

De 07. Juli hat de Fernand Kartheiser zu der Fro vum Referendum e Fac-à-face mam Léon Gloden um Radio 100,7.

Och am Kader vum ADR-Presseiessen, den 23. Juli huet de Fernand Kartheiser nach eng Kéier kloer un d’CSV appelléiert.

D’ADR fuerdert dann och e Referendum iwwert den zweeten Deel vun der Verfassung.

Deel dëse Post: