D’Deputéiert Alexandra Schoos, Fred Keup an Tom Weidig hu puer Froen iwwer déi ugekënnegt nei Nation-Branding-Strategie fir eis Sprooch.
Fro:
Am rezenten “Inflight Autumn 2025”-Interview mam “Head of the Luxembourg Brand Image Promotion“ liest een: “… it [d’Wuert “Luxembourg”] begins with ‘L’ for Lëtzebuergesch – yes, we have our own language. And it’s true that the Luxembourgish language, as a vehicle of authenticity, is an element we’re putting much more emphasis on in our new strategy than a few years ago, when we communicated mainly for an international audience.”
An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Regierung:
- Kann d’Regierung preziséieren, wat genau fir d‘Lëtzebuerger Sprooch am Kader vun der neier Nation-Branding-Strategie gemaach wäert ginn?
- Wéi gedenkt d’Regierung international kloer ze maachen, datt Lëtzebuergesch eng eege Sprooch ass?
- Am Interview steet och, datt Lëtzebuerg d’nächst Joer en neit „Luxembourg House“ kritt. Kann d’Regierung confirméieren, datt do alles, wat ugebuede gëtt, vu Lëtzebuerger Produzente kënnt? Wéi wäert dat neit „Luxembourg House“ eist Land no baussen hi promouvéieren?
Äntwert:
Froen 1 an 2 :
D’Strategie vun der Initiativ „LuXembourg – Let’s Make It Happen“, déi schonn zanter Juni 2021 ëmgesat gëtt, huet als Zil d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg no bausse bekannt ze maachen. Si gesäit vir, eis Geschicht, eis Traditiounen, an eis Sprooch engem internationale Public, deen d‘Zilgrupp vun der Initiativ ass, méi no ze bréngen. An deem Kader huet d’Initiativ an de leschte Joer eng Rei Mesuren entwéckelt, déi d’Land promouvéieren, andeems se d‘Lëtzebuerger Sprooch als Authentizitéitsvektor asetzen. Zanter 2022 gëtt zum Beispill d‘Lëtzebuerger Sprooch op alle Verpackunge vun der LuXembourg Collection, der Gamme vu Promotiounsartikele vu Lëtzebuerg op déi vill Ministèren an Ambassaden zougräifen, agesat. Déi meescht vun dësen Artikelen si mat enger digitaler Storytelling-Säit verbonnen, déi an dräi Sproochen – dorënner Lëtzebuergesch – d’Geschicht vum Produit a sengem Produzent virstellt, fir dat iwwert den einfache Kaddo eraus, e „Stéck Lëtzebuerg“ verschenkt gëtt. Och d’Websäit LMIH.lu ass an dräi Sproochen disponibel, dorënner Lëtzebuergesch. A verschidden international Campagnen hëlt d’Lëtzebuerger Sprooch eng wichteg Plaz an – als zitéiert oder geschwate Sprooch vun der Off-Stëmm oder als Stëmm vun de Protagonisten zum Beispill. Hei kann een zum Beispill „Luxembourg. Our Common Ground“ (2023), „Faces of Luxembourg“ (2024) oder „Oops, I stayed in Luxembourg“ (2025) nennen, déi zesummen iwwert 3,9 Millioune Vuë generéiert hunn.
D’Campagne „Luxembourg. 10 Years. 10 Letters.“, déi am Juni 2026 am Kader vum 10. Anniversaire vun der „LuXembourg – Let’s Make It Happen“-Initiativ wäert lancéiert ginn, ass aktuell an der Entwécklung. Hei gëtt all Buschtaf vum Wuert L-U-X-E-M-B-O-U-R-G mat engem Haaptatout vu Lëtzebuerg verbonnen, ugefaange mam Buschtaf L wéi „Lëtzebuergesch“, wou d’Lëtzebuerger Sprooch an de Multilinguismus an de Vierdergrond gestallt ginn. Um institutionellen Niveau setzt d’Regierung konsequent d’Mesurë 25 a 26 aus dem Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch vum 14. Dezember 2022 ëm. An deem Kontext huet de Kulturminister zulescht den 18. November 2025 zu Bréissel d’Iwwersetzungen op Lëtzebuergesch vun de véier Basistexter vun der EU der Generalsekretärin vum EU-Rot, Thérèse Blanchet, iwwerreecht. Dëst ass d’Grondbedéngung, fir iwwerhaapt eng Visibilitéit vun eiser
Sprooch op EU-Niveau aushandelen ze kënnen. Bei der UNESCO a beim Conseil de l’Europe gouf d’Ausstellung SPROOCH[EN] op prominenter Plaz gewisen. Bei der UNESCO spillt Lëtzebuerg eng Virbildfunktioun am Beräich vun der Digitaliséierung vun de klenge Sproochen. Am Weltsproochenatlas vun der UNESCO wäert d’Lëtzebuerger Sprooch an Zukunft méi visibel ginn. Eng besonnesch wichteg Informatiounsquell wäert awer virun allem den offiziellen Internetportal vun der Lëtzebuerger Sprooch ginn, un deem intensiv geschafft gëtt, an deen an engem hallwe Joer online goe wäert. Hei wäerten all interesséiert Leit all méiglech Informatiounen iwwer d’Sprooch fannen. Donieft spillen d’Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch an eng digitaliséiert Versioun dovunner eng wichteg Roll, fir baussent
eisem Land iwwer d’Lëtzebuergescht ze informéieren.
Fro 3)
Am Interview steet och, datt Lëtzebuerg d’nächst Joer en neit „Luxembourg House“ kritt. Kann d’Regierung confirméieren, datt do alles, wat ugebuede gëtt, vu Lëtzebuerger Produzente kënnt? All déi iwwer 100 Partner vum LuXembourg House si Lëtzebuerger Entreprisen, Produzenten, Wënzer, Handwierker a Kënschtler. D‘LuXembourg House ass eng Plattform fir d‘ Promotioun vu Lëtzebuerger Produiten a Savoirfaire, déi d‘Kreativitéit an d’Diversitéit vum wirtschaftlechen, handwierklechen a kulturelle Schafen am Land weist. D’Produite mussen en direkten oder indirekte Bezuch zu Lëtzebuerg
hunn – zum Beispill duerch hir Konzeptioun, de Savoir-faire oder déi kulturell an historesch Dimensioun – ouni onbedéngt komplett zu Lëtzebuerg hiergestallt ze sinn. Et handelt sech hei net ëm e Label, deen déi exakt geographesch Origine vun de Produite géif zertifizéieren, wéi de Label „Made in Luxembourg“ dat mécht. Dat neit LuXembourg House wäert Lëtzebuerg no bausse promouvéieren andeems et de Savoir-faire, d’Wäerter an d’Gesiichter vum Land sichtbar mécht, an als Vitrinn fir eng villfälteg Offer u Produite vu Lëtzebuerger Produzenten, Wënzer, Handwierker a Kënschtler. De Lëtzebuerger Œnotourismus wäert esou gestäerkt ginn, ënnert anerem duerch Raimlechkeete fir de Verkaf a punktuell Degustatioun vu Lëtzebuerger Wäiner a Cremanten, an Zesummenaarbecht mam Institut Viti-Vinicole an de Lëtzebuerger Wënzer. Duerch en attraktiven Design, Fotoen a Storytelling, déi d’Produiten an d‘Produzente vu Lëtzebuerg an de Mëttelpunkt stellen, grad ewéi duerch eng verstäerkten digital Kommunikatioun, wäert d’LuXembourg House Visiteuren unzéien an d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg op internationalem Niveau stäerken.