Eng Léisung fir d’Beruffschauffere fannen

An enger Pressematdeelung kritiséiert d’Confédération luxembourgeoise du commerce (clc), datt déi Lëtzebuerger Regierung et bis elo net fäerdegbruecht huet, een Accord mat den Nopeschlänner ze fannen, deen et erméigleche géif, datt d’Chauffeurs transfrontaliers och dann an der CCSS affiliéiert bleiwen, wa se méi wéi ee Véirel vun hirer Aarbechtszäit am Ausland ofleeschten. Déi EU-Reegelung, déi zur Zäit applizéiert gëtt, géif der spezieller Situatioun vu Lëtzebuerg net gerecht ginn. Firwat huet d’Regierung an deem Dossier bis elo näischt ënnerholl?

Deel dëse Post: