Eng Konschtuni fir Lëtzebuerg?

Et gëtt a leschter Zäit vill iwwer d’Méiglechkeet vun enger Konschtuni zu Lëtzebuerg diskutéiert. Wéi stinn d’Chancë fir sou e Projet? De Fred Keup freet d’Regierung.

Fro:

Lëtzebuerg ass e Land mat ville kulturellen Institutiounen, Muséeën, Galerien,Theateren, Filmstudioen a Concertssäll. Zugläich bitt eist Land prestigiéis kulturell Manifestatiounen un, déi vill Leit aus dem Ausland unzéien. Duerch „Esch 2022“ huet Lëtzebuerg am Ablack d’Méiglechkeet, seng Konscht a Kultur och no baussen hin ze promouvéieren an ze demonstréieren. Trotzdeem huet Lëtzebuerg bis elo keng eegen Héichschoul fir Konscht. Dofir mussen all déi Lëtzebuerger Studenten, déi spéider eng Konschtkarriär maache wëllen, an d’Ausland studéiere goen, wou si oft mat der Fro konfrontéiert ginn, firwat si keng entspriechend Ausbildungsméiglechkeeten an hirem eegene Land hunn.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister an un den Här Minister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, wéi vill Lëtzebuerger Studenten am Ablack op auslänneschen Héichschoule Konscht studéieren? Wéi fächert sech déi Zuel op no Konschtrichtungen (Beaux-Arts, Fotografie, Theater, Danz, Filmkonscht, Design, Moud, Musek, asw.)? Wéi huet sech déi Zuel an deene leschte fënnef Joer entwéckelt?
  • Wéi steet d‘Regierung zur Iwwerleeung, datt et fir eist Land international vu grousser Bedeitung wier, iwwer eng eegen Héichschoul fir Konscht ze verfügen?
  • Gesäit den Här Minister alternativ d’Méiglechkeet, déi genannt Konschtrichtungen op der Uni Lëtzebuerg anzeféieren?
  • Ginn et aktuell Gespréicher mat de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Kulturzeen, fir dës Iwwerleeungen am Hibléck op hir Realiséierungsméiglechkeete weider auszebauen? Wann nee, firwat net?

Äntwert:

Gemeinsam Äntwert vum Minister fir Héichschoul a Fuerschung, Claude Meisch a vun der Kulturministesch, Sam Tanson, op d’parlamentaresch Fro Nr. 7080 vum honorabelen Deputéierten Fred Keup iwwer d’Studien am Beräich vun der Konscht

 

Deel dëse Post: