Eng grondsätzlech Fro!

An der Chamber gouf de 17. Juli iwwert déi ëmstridden Ëmgoungsstrooss vu Nidderkäerjeng ofgestëmmt. D’ADR huet dëse Projet, deen eng Noutwendegkeet ass, matgedroen. Allerdéngs hat de Fernand Kartheiser e puer méi grondsätzlech Remarken ze formuléieren. Den ADR-Deputéierte war iwwerrascht, datt zwar an der Plenière vill iwwert de Verkéiersfloss am Süde vum Land diskutéiert gouf, allerdéngs sinn d’Ursaache vum onmoossege Verkéier kaum bis guer net ugeschwat ginn. D’ADR plädéiert zanter laangem fir eng méi grondsätzlech Reflexioun iwwert eis Wirtschafts- a Wuesstemspolitik. D’Regierung bekämpft just d’Ursaachen, wëll sech awer keng grondsätzlech Froe stellen.

De Fernand Kartheiser huet desweideren déi onsënneg Kompensatiounsmoossname schaarf kritiséiert: Et ass eng Illusioun ze mengen, Lëtzebuerg hätt eng onbegrenzt Fläch a kéint fir all Meter Natur, deen zoubetonéiert gouf, eng Kompensatiounsfläch fannen.

Deel dëse Post: