De “Rat für deutsche Rechtschreibung” huet an enger Pressematdeelung signaléiert, datt hie sech aktuell net derfir ausschwätze kéint, fir verkierzt Kennzeechnungsforme vu Méigeschlechtlechkeet (z.B. den “Gender-Gap” oder den “Gender-Stär”) an dat “Amtliche Regelwerk der deutschen Rechtschreibung” opzehuelen. Trotzdeem ginn dës typografesch Zeechen an eiser Gesellschaft ëmmer méi a vereenzelte Kreesser benotzt. Wéi steet de Schoulminister zu där Entwécklung?