Eng Gemeng an d’Messer lafe gelooss …

De Verwaltungsgeriichtshaff huet e Vott vum Dikkrecher Gemengerot kasséiert, dee  geduecht war, fir en Urteel vum Verwaltungsgeriicht mat prozeduralen Tricken ze ëmgoen. Et ass ëm e Reclassement vun Terrainen am PAG gaangen, déi als Bauland ausgewise waren, awer an enger Héichwaasserzon louchen. D’Proprietären hate Recht kritt, datt hir Terrainen misste bebaubar bleiwen, wat de Schäfferot net wollt. De Verwaltungsgeriichtshaff huet a sengem leschten Urteel esou wuel d’Gemeng (wou e sozialistesche Minister deemols Buergermeeschter war) wéi och d’Banneministesch staark kritiséiert. Si hätt missten, a Kenntnes vun der Jurisprudenz, d’Gemeng drop opmierksam maachen, datt esou en Urteel nëmme ka respektéiert an ëmgesat ginn.

Trotz der Kritik vum Verwaltungsgeriicht ass ee sech awer beim Banneministère kenges Feelers bewosst, geet aus der Äntwert vun der Madamm Minister ervir.

Fro

Ouni wëllen an de leschten Detail ze goen, gouf et beim Dikrecher PAG eng Rëtsch Onstëmmegkeeten, déi de Verwaltungsgeriichtshaff an engem rezenten  Urteel zu vehementer Kritik um deemolege Buergermeeschter an un der Madamm Banneminister inspiréiert huet. Et ass em de Reklassement vu Bauland gaangen, dat wéinst Iwwerschwemmungsgefor onberechtegterweis ëmklasséiert gi war. Trotz engem Urteel vum Verwaltungsgeriichtshaff huet den Dikrecher Schäfferot mat sengem Buergermeeschter, engem heidege Minister, eng Pattsituatioun am Gemengerot provozéiert a verhënnert, datt d’Proprietären, déi virum Verwaltungsgeriichtshaff Recht kruten, zu hirem komm sinn. D’Madamm Bauteminister, a Kenntnis vun entspriechender Jurisprudenz, hätt dat laut Verwaltungsgeriichtshaff misste verhënneren. Duerfir hunn ech dës Froen:

  1. Firwat ass dem Dikrecher Schäfferot am Virfeld net bewosst gemaach ginn, datt de Gemengerot d’Urteel vum Verwaltungsgeriichtshaff ze exekutéieren hätt an datt d’Madamm Minister am Fall, wou eng Reklamatioun virleie géing, gestäipt op d’Urteel vum Verwaltungsgerichtshaff, der eendeiteger Jurisprudenz (41889C) , an engem kloren Urteel vum Verfassungsgerichtshaff, ee “pouvoir de reformation” hätt, egal wei d’Decisioun vum Gemengerot wär?
  2. Firwat ass no deenen zwee Votten an dem kloren Urteel vun der Cour Administrative den Dikrecher Schäfferot net opgefuerdert  ginn, een drëtte Vott ze huelen, fir déi illegal Prozedur aus der Welt ze schafen? Esou een drëtte Vott ass bekanntlech schonn e puermol gefuerdert ginn, mat dem Argument, et wär “une façon régulière et efficace, voire même souhaitable dans le cadre d’une bonne administration”, wéi d’Cour Administrative schreift.

Sinn et scho Gemenge ginn, déi refuséiert hunn, der Madamm Minister oder engem vun hire Virgänger hir Decisiounen am Kader vu Reklamatiounen zum PAG ze exekutéieren, a wa jo, wat waren d‘Konsequenzen?

Äntwert

Äntwert vun der Madamm Inneministesch, Taina Bofferding, op d’parlamentaresch Fro n° 6460 vum honorabelen Deputéierte Fred Keup zum Sujet “Plan d’aménagement général de la Ville de Diekirch”

Am Arrêt vum Verwaltungsgeriichtshaff vum 7. Februar 2019 gouf d’Stad Dikrech kloer opgefuerdert, en neie Vott ze huelen, fir déi concernéiert Terrainen an eng bebaubar Zon ze klasséieren. Den Inneministère huet d’Gemengenautoritéiten deementspriechend och beroden an drop opmierksam gemaach, dass si en neie Vott mussen huelen.

Wat de « Pouvoir de réformation » ugeet, op Grond vun enger Reklamatioun bei der Inneministesch nom definitive Vott zum PAG, huet keng Noutwendegkeet bestanen, de Gemengenautoritéiten dës Dispositioun nach emol matzedeelen, well dat souwisou am ofgeännerte Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal an den développement urbain sou virgesinn ass, an dass dës Prozedur souwisou allgemeng bei de Gemenge bekannt ass.

Et ass net zu där Opportunitéit komm, de « Pouvoir de réformation » ze benotzen, well d’Inneministesch souwisou net vun der Gemeng saiséiert gi war, wat jo och am Uerteel aus éischter Instanz bestätegt gouf.

Den Inneministère fuerdert d’Gemenge reegelméisseg op, en drëtte Vott ze huelen, et ka nämlech emol virkommen, dass am definitive Vott (zweete Vott) Irregularitéiten, respektiv Illegalitéiten optauchen. An dësem Fall koum et awer net zu engem zweete Vott, an dat wéinst der Pattsituatioun, soudass de Inneministère d’Gemeng och net konnt opfuerderen, en drëtte Vott ze huelen, fir gegebenefalls eppes ze rektifizéieren.

Et ass dem Inneministère net bekannt, dass et scho Gemenge gi sinn, déi refuséiert hätten, ministeriell Décisiounen ëmzesetzen.

 

Deel dëse Post: