Eng Ëmfro vun der Post a 4 Sproochen

D’POST huet eng Online-Ëmfro a véier Sprooche gemaach, awer net op Lëtzebuergesch. De Fred Keup freet déi zoustänneg Ministeren:

Fro:

De 17. November huet d‘POST Luxembourg, an där hirem Verwaltungsrot aacht Vertrieder vum Staat sëtzen, en Online-Sondage verschéckt ënnert dem Titel „Vos attentes – Ihre Erwartungen – Your expectations – As suas expectativas“. Wéi den Titel scho weist, ass dës Ëmfro just a véier Sprooche verschéckt ginn: op Franséisch, op Däitsch, op Englesch an op Portugisesch, awer net op Lëtzebuergesch, wat verwonnerlech ass, well Lëtzebuergesch jo déi offiziell Landessprooch vun eisem Land ass a well d’Regierung am Mäerz 2017 an engem Strategiepabeier fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch 40 Mesurë festgehalen hat, déi et erlabe sollten, mëttel- a laangfristeg Initiativen ze ergräifen, fir d’lëtzebuergesch Sprooch an der Bevëlkerung méi staark ze verankeren.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Häre Minister:

  • Gëtt et en offiziellt Reglement, dat d’Verwaltungen, Servicer an Etablissements publics unhält, Dokumenter, Informatiounen, Ëmfroen, asw. an den dräi Verwaltungssprooche vum Land erauszeschécken? Wa jo: Firwat ass dat bei dëser Ëmfro net gemaach ginn? Wann nee: Gëtt d’Regierung Uweisungen un d’Verwaltungen, Servicer an Etablissements publics, fir esou Dokumenter an den dräi Verwaltungssprooche vum Land erauszeschécken? Wann nee: Firwat gëtt dat net vun der Regierung gemaach? Ass dat kompatibel mam uewe genannte 40-Punkte-Plang fir d’Lëtzebuerger Sprooch?

Äntwert:

Et ass natierlech den ausdréckleche Wonsch, och ouni entspriechend Reglement, vun der Regierung, datt d’Verwaltungen sech an den dräi Landessproochen un d’Bierger riichten, besonnesch och op Lëtzebuergesch. Mëttlerweil huet de Regierungsrot de 14. Dezember 2022 den neien “Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch” ugeholl. Dësen Aktiounsplang gouf vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch no der nationaler Sproocheronn, an an enker Zesummenaarbecht mat alle Ministèren ausgeschafft. E sëllechen Aktiounen hunn als Zil, d’Verwaltunge beim Verfaasse vu Matdeelungen a Lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen. Et sief och gesot, datt déi eenzel Departementer de spezifesche Glossaire fir hire Fachberäich opstellen, deen da vum ZLS op Lëtzebuergesch “iwwersat“ gëtt.
Bei der vum honorabelen Deputéierte genannter Ëmfro léisst POST Lëtzebuerg d’Regierung op Nofro hi wëssen, datt d’Lëtzebuerger Sprooch duerchaus virgesi war, mee duerch en technesche Feeler war den Online-Sondage leider nëmmen an de genannte Sprooche verschéckt ginn.
POST Lëtzebuerg mécht an der Reegel hir Ëmfroen iwwert d’Qualitéit vun hiren Zerwisser an den dräi Verwaltungssproochen, also och op Lëtzebuergesch. Wa bestëmmte Gruppe vu Leit vun esou Sondagë viséiert sinn, zum Beispill Entreprisen oder Geschäftsleit, da ginn zousätzlech Sprooche benotzt déi och bei deenen Zilgruppe méi geleefeg sinn.

 

Deel dëse Post: