Eng eenzel Moossnam léist de Mobilitéitsproblem net!

Eng vun de villen negative Konsequenzen, déi den enormen an onkontrolléierte Wuesstem fir Lëtzebuerg huet, ass de Mobilitéitsproblem. Am Kader vun der Mobilitéitsdebatt erënnert de Gast Gibéryen den 19. Abrëll an der Chamber dorun, datt mir als ADR déi Diskussioun virun dräi Joer hei am Land lancéiert hunn. Hie stellt fest, datt och déi aner Parteie sech elo lues a lues op déi Diskussioun aloossen. Mee souguer dann, wann de Wuesstem un dëser Plaz géing gestoppt ginn, sti mir nach ëmmer viru risegen Erausfuerderungen. Den Deputéierten erkläert, datt d’Léisung vum Mobilitéitsproblem awer net an enger eenzeler Moossnam leie kann, mee an der Kombinatioun vu ville méiglechen. Hie rifft dozou op, datt hei keng ideologesch Prioritéite solle gesat ginn, un déi eng Zwangserzéiung vun de Bierger gekoppelt ass, an datt all Iddi soll gehéiert an diskutéiert ginn, egal ob se vun anere Parteie kënnt, vu Privatleit oder Initiativen.

Deel dëse Post: