Eng eenzeg Sënnlosegkeet!

Nodeems een an enger Rei praktescher Course gewisen huet, datt een uerdnungsgeméiss mat dem 125er-Motorrad ëmgoen kann (an dofir deier bezillt), däerf een dann NET mam Gefier an d’Ausland fueren – eng eenzeg Sënnlosegkeet. 2013 krut d’Land schop gesot, datt een a Verhandlungen mam Ausland steet, fir datt dëse Führerschäin och do unerkannt gëtt. Elo schreiwe mir d’Joer 2019 an et ass nach ëmmer guer näischt geschitt: Fir den ADR-Deputéierte Jeff Engelen inakzeptabel!

Deel dëse Post: