Eng Chance fir Lëtzebuerg

Spacemining kann eng Chance sinn fir Lëtzebuerg. Et ass eng Initiative vum Wirtschaftsministär an eng Wett op d’Zukunft. Gemengt ass d’Ausbeute vun de Metallen an Mineralien aus deenen esou en Himmelskieroper besteet.
De Gesetzprojet huet den 13. Juli an der Chamber den Accord vun der ADR kritt, net ouni datt de Roy Reding och op Geforen higewisen huet, nämlech op d’rechtlech Verantwortung. D’Agebonnesinn an international Traitéen war en aneren Thema vum ADR-Deputéierten an engem Dossier, wou d’Land ka seng Souveränitéit a seng Saachkompetenz ausspillen.Och wann et no Zukunftsmusek klengt also e Jo vun der ADR.

Deel dëse Post: