Endlech eng Maison Médicale fir den Osten?

D’ADR mécht d’Regierung zënter Joren dorobber opmierksam datt den Osten déi eenzeg Regioun ass an där et keng Maison Médicale gëtt. Zu Iechternach fonctionnéiert awer scho méi laang e gutt equipéierten Centre Médical medezineschen Zenter. Deen ass elo prett fir seng Déngschter Nuets an de Weekend iwwer och am Kader vun enger Maison Medicale unzebidden. Mir maachen e waarmen Appell un de Gesondheetsminister fir positiv op des Ufro ze reagéieren an sou enger laangjäreger Demande vun de Bierger nozekommen.

De Jeff Engelen huet beim Gesondheetsminister nogefrot

Deel dëse Post: