En Uerteel och op Lëtzebuergesch … a wie bezilt?

Här President, Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch bei Uerteeler vun der Lëtzebuerger Justiz un den Här Justizminister weiderzeleeeden. D’Sproochegesetz vun 1984 seet a sengem Artikel 3: « Langues administratives et judiciaires En matiére administrative, contentieuse ou non contentieuse, et en matière judiciaire, il peut être fait usage des langues française, allemande ou luxembourgeoise, sans préjudice des dispositions spéciales concernant certaines matières. ». An dem Zësummenhank wollt ech dem Här Justizminister dës Froe stellen: 1. Wéi a wou gëtt Lëtzebuergesch am Abléck am Beräich vun der Justiz gebraucht? 2. Wëll d’Regierung d’Lëtzebuerger Sprooch am Beräich vun der Justiz stäerken? 3. Wa jo, wéi eng Moossnamen hëllt d’Regierung konkret fir de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Justiz ze vergréisseren? 4. Kann e Bierger d’Iwwersetzung vun engem Uerteel op Lëtzebuergesch froen (oder och op Däitsch), ënnert der Konditioun, datt eleng déi franséisch Versioun gëllt? 5. Wa neen, firwat net? 6. Wa jo, iwwerhëlt dann de Staat d’Käschten vun der Iwwersetzung op Lëtzebuergesch (oder op Däitsch)? Mat déiwem Respekt,

An enger parlamentarescher Fro un de Justizminister wëll de Fernand Kartheiser gewuer ginn, wat konkret d’Regierung fir d’Lëtzebuerger Sprooch mécht. D’Kloen am Land, datt Geriichtsuerteeler an engem ganz schwéiere Franséisch sinn, hun den ADR-Deputéierten dozou bruecht, dës Fro ze stellen. D’Gesetz iwwer d’Nationalsprooch géing nämlech duerchaus d’Méiglechkeet loossen, esou Uerteeler och op Lëtzebuergesch an op Däitsch erauszeginn. D’Fro ass, op dat viru Geriicht praktizéiert gëtt a wien an deem Fall d’Käschte vun enger Iwwersetzung ze droen hätt.

Deel dëse Post: