En Opruff fir Projetpropositioune fir Initiativen ze fërderen… awer Transparenz wat d’Ziler an d’Beneficiairen ugeet ass essenziell.

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister weiderzeleeden.

Laut engem Artikel am “Quotidien” vum 30. Juni 2026 mam Titel « Racisme: un appel à projets pour encourager les initiatives » huet de Familljeministère en Opruff fir Offere mat engem Mindestbetrag vun 10.000 € pro Initiativ ugekënnegt. Dësen Opruff ziilt drop of, Sensibiliséierungsmoossname géint Rassismus an „Mikroaggressiounen“ bei Jugendlechen ze finanzéieren.

Am dem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi garantéiert den Här Minister, datt déi finanzéiert Projeten net ideologesch oder aktivistesch gedriwwe sinn, besonnesch wat de kontroverse Konzept vun den “Mikroaggressiounen” ugeet, deem seng Definitioun an Notzung, jee no soziologeschen a politesche Stréimungen, staark variéieren?
  2. Den Opruff am Kader vun dësem Projet riicht sech explizit u Kanner a Jugendlecher. Kann den Här Minister erklären, firwat d’Sensibiliséierungscampagnen theoretesch scho vum Puppelchersalter un als néideg ugesi ginn?
  3. Déi national Campagne schreift en offizielle Logo fir déi ausgewielte Projete vir. Kann den Här Minister erklären, firwat eng standardiséiert Kommunikatiounsstrategie noutwendeg ass?
  4. Wéi héich ass de Gesamtbudget fir dee ganze Projet, och fir d’“Mikroaggressiounen”-Campagne, inklusiv de Käschte fir Kommunikatioun, Koordinatioun an all extern Partnerschaften?
  5. Kann den Här Minister garantéieren, datt ëffentlech Gelder net benotzt ginn, fir Associatiounen oder Aktivistegruppen ze finanzéieren, deenen hir politesch Positiounen iwwert de Beräich vun der Bekämpfung vu Rassismus erausginn?

 

Mat déiwem Respekt,

Deel dëse Post: