En “Model European Parliament” mat ausgewielte Politiker

Um “Model European Parliament” hunn iwwer honnert Schüler deelgeholl. Mee wéi eng Politiker, ausser de Staatsminister, goufen invitéiert? De Fernand Kartheiser an de Fred Keup froen no.

Fro:

Wéi een an engem Artikel vun „L’Essentiel“ vum 3. Februar 2023 noliese konnt („Ils ont parlé homosexualité avec leur Premier Ministre“), huet den Här Staatsminister am Kader vum „Model European Parliament“, un deem angeblech méi wéi honnert Lycéesschüler aus zwielef Lycéeën deelgeholl hunn, geschwat.

An deem Zesummenhank hu mir folgend Froen un den Här Staatsminister:

  • Wéi eng Schüler waren op dës Veranstaltung invitéiert? Goufen dës Schüler no gewësse Krittären ausgewielt? Wa jo, no wéi enge Krittären?
  • Wéi vill Politiker ware bei dëser Veranstaltung present? Vu wéi enge Parteien?
  • Wéi eng Politiker goufen op dës Veranstaltung invitéiert, a vu weem? Goufen dës Politiker no gewësse Krittären ausgewielt? Wa jo, no wéi enge Krittären?

Äntwert:

Vum 1. bis den 3. Februar 2023 huet am Forum Geesseknäppchen déi national Sessioun vum
Model European Parliament (LuxMEP 2023) stattfonnt. Dëst Evenement, dat traditionell vum
Lycée Aline Mayrisch organiséiert gëtt, riicht sech an éischter Linn u Schoulen aus dem EPASRéseau (European Parliament Ambassador School); invitéiert ginn awer och aner interesséiert
Schoulen. D’Schüler setzen sech mat der Europapolitik auserneen a simuléieren d’Aarbecht vum
Europaparlament.
D’Schüler, déi un dësem Evenement deelhuelen, si gewéinlech déi, déi sech an hire respektive
Lycéeën an Optiounen ageschriwwen hunn, an deenen se sech mat politesch relevante Sujete
beschäftegen.
Fir de Lien vum Projet zur reeller Politik an der politescher Aktualitéit ze sécheren, invitéiert de
Lycée Aline Mayrisch an der Reegel och een oder zwee vun de Lëtzebuerger Vertrieder am
Europaparlament; am Joer 2022 waren dëst den Här Christophe Hansen an d’Madamm Isabel
Wiseler-Lima, 2023 war dëst den Här Marc Angel (deen déi Woch virdrun zum Vizepresident vum
Europaparlament ernannt gouf) an d’Madamm Tilly Metz (déi leider verhënnert war). Donieft
huet den Organisateur fir déi lescht zwou Editiounen och Vertrieder aus der Lëtzebuerger
Regierung invitéiert, déi e Lien mat der Europapolitik hunn: 2022 den Ausseminister, 2023 de
Staatsminister.

Deel dëse Post: